Grouss Botz 2024

De Schäfferot vun der Gemeng Conter organiséiert dëst Joer erëm seng Grouss Botz zesumme mat der Ëmwelt-, Energie- a Klimakommissioun a mat de Schoulkanner.
Am Kader vun der Grousser Botz maachen d’Schoulzyklen den 29. Mäerz en Tour duerch d’Gemeng, fir Dreck ze sammelen. Mëttes ginn an der Schoul interessant Atelieren zum Thema Offall, Ëmwelt an Natur fir d’Kanner ugebueden. Well och mir als Erwuessener e Virbild solle sinn, ruffe mir Iech dozou op, och matzemaachen an hëllefen den Dreck an eisen Dierfer oprafen ze goen.
Um Programm:
8.00 Auer: Opdeelung vun den Tier am Gemengenatelier mat Kaffi a Croissant
8.20: Depart
11.20: Gruppefoto am Schoulhaff „Um Ewent“
Mat uschléissendem Mëttegiessen
Selbstverständlech stellt d’Gemeng Händschen, Valorlux- a Poubellestuten zur Verfügung. Bréngt w.e.g e Sécherheetsgilet mat fir unzedoen.
Mellt Iech wannechgelift bis den 20. Mäerz 2024 via umeldung@contern.lu un.
Dernière modification le 11.03.2024

Des articles de la même catégorie

Gemengerotssëtzung 21 02 2024

Gemengerotssëtzung 21 02 2024

Das Kollegium der Bürgermeister und Schöffen der Gemeinde Contern lädt gemäß der Artikel 12 und 13 des umgeänderten Kommunalgesetzes vom 13. Dezember 1988 die Mitglieder des Gemeinderates ein, sich am Mittwoch, den 21. Februar 2024 um 17.00 Uhr im Rathaus in Contern...

lire plus
Asammele vun de Chrëschtbeemercher

Asammele vun de Chrëschtbeemercher

Ramassage des sapins de Noel  Les sapins à Contern, Moutfort et Milbech seront ramassés le 14 janvier 2024 par le CdJ Contern.  Les sapins d’Oetrange seront ramassés le 16 janvier 2024 par la Commune de Contern.

lire plus
Aller au contenu principal