Marché de Noël

No enger pandemiebedéngter Paus ass et gläich erëm esou wäit: D’nächst Editioun vum Chrëschtmaart vun der Gemeng Conter steet virun der Dier! Den Ufank mécht d’Afterwork-Party mat de Gondelrocker den 2. Dezember am Mutferter Park. Genéisst zesummen e puer schéi Momenter mat enger super Stëmmung. Fir Iessen a Gedrénks suergen eis Veräiner.

Vum 3. bis de 4. Dezember fannt Dir da bei eis am Mutferter Park vill schéi Stänn vun eise Veräiner a Betriber, an och de Kleesche kënnt de Samschdeg laanscht. Donierft gëtt am Kulturzenter zu Mutfert vum 3. bis de 4. Dezember eis nächst Editioun vu ContArt an Zesummenaarbecht mat eiser Kulturkommissioun organiséiert – mat ganz ville verschiddene Konschtwierker vu lokale Kënschtler, an dat alles zum Thema Wanter!

De Programm vum Samschdeg (3.12.):
14.00-15.00: Ouverture et vernissage du ContArt au Centre culturel à Moutfort
15.00-16.00: Remise des prix du mérite culturel au Centre culturel à Moutfort
16.30: Ouverture du marché de Noël par la bourgmestre Marion Zovilé-Braquet
16.45-17.15: UGDA Percussion Ensemble
19.00-22.00: Orchestre Bonhomme de neige

De Programm vum Sonndeg (4.12.):
11.00-18.00: Exposition ContArt au Centre culturel à Moutfort
12.00-14.00: Simply 2
15.00-15.30: Chorale Caecilia Moutfort, Chorale Ste Cécile Oetrange-Schrassig, Chorale Les villageois Contern
16.00-17.00 Harmonie Moutfort-Medingen

Den Event fannt Dir hei: Marché de Noël & ContArt 2022 – Contern

Dernière modification le 16.11.2022
Aller au contenu principal