Service écologique

Ressourcekonzept

Résumé – Présentation

Kader : Bestandsanalyse, Legislative Kontext, Linear vs Kreeslafwirtschaft

Eis natierlech Ressource si limitéiert – d’Mënschheet konsuméiert haut well all Joer d’Ressource vun annerhallwer Äerd – mir zu Lëtzebuerg hu well Mëtt Februar all d’Ressource verbraucht, déi eis am Prinzip fir e ganzt Joer zur Dispositioun stinn.

Dëst Ressourcekonzept weist, wéi Conter kann um lokalen a regionalen Niveau handele, fir seng Ressource besser ze geréieren.

D’Konzept stellt d’éischt den nationale Kader fir, souwéi d’Ambitiounen. Mir wëllen heimat vun enger linearer Wirtschaft déi op den “Take-Make-Waste” baséiert ass, op eng zirkulär Wirtschaft wiesselen, wou all Ressource déi an d’Wirtschaft rakënnt valoriséiert gëtt an no hirer Notzungsdauer och richteg remgenotzt gëtt. Dëst geet dem Motto no “De beschten Offall ass deen, deen net existéiert”. Mamm neie Ressource-Center ass een do well den éischte grousse Schrëtt an déi Richtung gaangen.

Am Konzept gi konkret Moossname virgeschlo, fir dës Visioun ze erreechen. Dës ginn dann markéiert mat engem Status, je nodeems op eng Aktioun réischt geplangt, amgaangen oder ofgeschloss ass.

Infrastruktur, Taxen, Subventiounen, Ëffentlech Akeef

Dëst Kapitel behandelt Aktiounen, wou d’Gemeng selwer eng staark Hand driwwer huet an Aktiounen ëmsetze kann.

Dëst betrëfft z.B. den Offalltaxesystem, de Ressourcecenter, Subventiounen, Gemengeninfrastrukturen, Gemengeprojeten a Reglementer, ëffentlech Plaze souwéi och Akeef.

Initiativen

Dëst Kapitel behandelt Initiativen, déi d’Gemeng encouragéiere kann mee selwer just eng limitéiert Kontroll driwwer huet.

Dëst beinhalt z.B. Veräiner an der Gemeng an Events, D’Schafung vun enger Rembenotzungs- oder „Do it Yourself“ Kultur an der Gemeng (z.B. Repair café), Aktioune géint Liewensmëttelverschwendung (z.B. d’Antigaspi Campagne vum Staat) souwéi d’Promotioun vu Rëmbenotzungssystemer (z.B. Waasserfontänen…)

Sensibiliséierung

Dëst Kapitel Moossnamen, wou d’Gemeng seng Bierger oder aner Acteure ka sensibiliséieren, mee wou se selwer keng direkt Handhab drop huet.

Hei schwätze mer beispillsweis iwwer intern an extern Kommunikatioun, den SDK fir Betriber, responsabel privat Akeef, Onverpaakt-Systemer, Littering (Dreck ronderëm d’Stroossen..), d’Conceptioun vu Produkter vun Entreprisen an der Gemeng, private Wunnengsbau souwéi d’Notzung vun aktuell verschwente Ressourcen um Gemengenterritoire (z.B. Abwärme vun der Industrie…).

heiter nick

Tél.: 34 94 10 31

Mail: Prendre contact

SIAS

5, rue Neihaischen
L‑2633 Senningerberg

Newsletter SIAS

Service technique

Mail: Prendre contact

Administration communale de Contern

4, place de la Mairie
L-5310 Contern

Naturaktivitéiten an eiser Regioun

Wanderungen, Coursen an aner Aktivitéiten

Agenda uweisen

Dernière modification le 07.03.2024
Aller au contenu principal