Fairtrade

D’Gemeng Conter huet sech als Zil gesat, de fairen Handel ze ënnerstëtzen, an invitéiert jiddereen, matzemaachen!

De fairen Handel ass en alternativt Handelssystem, wat als Zil huet, méi Gerechtegkeet am internationalen Handel duerchzesetzen. De Fairtrade-System gëtt de benodeelegte Produzenten an Aarbechter an Afrika, Asien a Lateinamerika d’Méiglechkeet, sech eegestänneg eng besser Zukunft opzebauen.

Weltwäit sinn 2,4 Milliarde Mënsche vun absoluter Aarmut betraff (<1,25 USD pro Dag). Déi meeschte vun hinne (70%) liewen um Land, wou d’Landwirtschaft d’Haaptakommesquell ass.

D’Bauere leiden ënnert de Schwankunge vun de Rohstoffpräisser an der meeschtens ausbeuterescher Aart a Weis vun den Tëschenhändler, déi hinnen oft kleng Quantitéiten zu engem Präis ofkafen, dee mol net d’Produktiounskäschten ofdeckt. D’Bauere sinn d’Verléierer vun engem System, dee vun de reng kommerziellen Interesse vu multinationale Betriber dominéiert gëtt.

De Fairtrade-Label garantéiert de Konsumenten, dass all gelabelte Produit den internationale Standarde vum fairen Handel entsprécht.

Dernière modification le 24.03.2023
Aller au contenu principal