Eis am Krich 1940 – 1945 fir d’Heemeecht gefale Jongen
- BOS René
- DIEDERICH Marcel
- DIEDERICH René
- FRANZEN Gustave
- GILS Joseph
- JUNG Théodore
- KARTHEISER Victor
- LEYTEM Aloyse
- LEYTEM Nicolas
- LEYTEM Nicolas
- LORENT Alfred
- LORENT René
- MELCHIOR Léon
- REUTER Léon
- SCHMITT Otto
- THOMA Nicolas
- TILGES Marcel
Den 9. Oktober 2021 huet d’Gemeng Conter zesumme mat der Conter Sektioun vun den „Enrôlés de force“ eng Gedenkplack am „Wëllemslach“ zu Mutfert ageweit. Mat Hëllef vun dëser Plack erhofft d’Gemeng Conter sech, dass d’Geschicht iwwert dat fréiert Lager, dat am Zweete Weltkrich gebaut gouf, net an de Vergiess geréit. Hei fannt Dir interessant Informatiounen iwwert d’Geschicht, déi hannert dëser Plack stécht. Mir wënschen Iech eng léierräich Lektür!
Op engem ronn 2 Hektar groussen Terrain mam Flouernumm „Wëllemslach“, dee bis dohinner landwirtschaftlech genotzt gouf, huet sech am deemools klenge Quartier „Bombasch“ zu Mutfert am Zweete Weltkrich an och nach e Joerzéngt laang duerno eng Episod Lëtzebuerger Geschicht ofgespillt, déi leider nach net richteg erfuerscht ginn ass.
Fir d’éischt RAD-Ausbildungslager
Nodeems Nazi-Däitschland dat neutralt Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 besat hat, hunn dem Hitler seng Leit 1941 op dësem Terrain, dee si einfach vun dräi Mutferter Familljen konfiskéiert hunn, mam Bau vun engem Ausbildungslager fir de Reichsarbeitsdienst (RAD) ugefaangen.
Wat war de Reichsarbeitsdienst am Organigramm vum Nazi-Terrorregime? D’Gesetz vum 26. Juni 1935 iwwert d’Aféierung vum Reichsarbeitsdienst huet et ënner anerem festgehalen: „Der Reichsarbeitsdienst ist ein Ehrendienst am deutschen Volke … Alle jungen Deutschen beiderlei Geschlechts sind verpflichtet, ihrem Volk im Reichsarbeitsdienst zu dienen … Der Reichsarbeitsdienst soll die deutsche Jugend im Geiste des Nationalsozialismus zur Volksgemeinschaft und zur wahren Arbeitsauffassung vor allem zur gebührenden Achtung der Handarbeit erziehen.“ Effektiv war de RAD e Bestanddeel vun der Wirtschaft am nationalsozialisteschen Däitschland, awer och vun der Erzéiung am Nationalsozialismus duerch déi ideologesch Disziplinéierung vun der jonker Generatioun. Am Ufank sinn déi jonk Männer, éier se an d’Wehrmacht aberuff goufen, fir sechs Méint an de Reichsarbeitsdienst komm. No an no ass de RAD ëmmer méi zu engem paramilitäresche Verband ginn, deen als Bautrupp vun der Wehrmacht agesat gouf an och aner Aufgaben – zum Beispill a Flak-Batterien – kritt huet. „Arbeitsmänner“ an „Arbeitsmaiden“ sinn offiziell déi zwangsrekrutéiert RAD-Leit genannt ginn, déi wärend hirer Déngschtzäit a sougenannte Lagere – wéi eben dat zu Mutfert och eent war – kasernéiert waren.
Nodeems de Gauleiter Gustav Simon als Chef vun der Zivilverwaltung schonns 1940 versicht hat, fir Fräiwëlleger fir de RAD ze rekrutéieren, wat ganz wéineg Erfolleg hat, huet hie mat enger Veruerdnung vum 23. Mee 1941 den obligatoresche Reichsarbeitsdienst fir all Lëtzebuerger Jongen a Meedercher vun de Joergäng 1920 bis 1927 dekretéiert.
Bal gläichzäiteg mat der Aféierung vun der RAD-Flicht hunn d’Nationalsozialisten zu Lëtzebuerg mam Bau vu Lagere fir jonk Männer aus dem „Altreich“ ugefaangen. Dorënner war och d’Lager vu Mutfert, dat aus ongeféier 10-12 nummeréierten hëlze Brake bestanen huet. Hei sinn allerdéngs keng Lëtzebuerger Jonge gestrietzt ginn, mä éischter Alterskolleegen aus dem Elsass, Louthréngen an Däitschland. D’Lëtzebuerger sinn dogéint an den Oste geschéckt ginn, woubäi Nimm wéi zum Beispill Brahnau-Bromberg, Janowitz, Pinne, Königsberg, Rogassen oder Wollstein séier zu Lëtzebuerg an de Verruff gerode sinn. Um Site vu Mutfert, dee mat engem dräifachen Zonk aus pickegem Drot ofgeséchert war an och en Appellhaff an e Kontrolltuerm mat Scheinwerfer hat, waren an enger gréisserer Brak e grousse Versammlungsraum, eng Krankestatioun, e Fräizäitsall an e Gemeinschaftsraum ënnerbruecht, deen zugläich als Iessenssall gedéngt huet.
Duerno Krichsgefaangenelager vun der Wehrmacht
No der Krichserklärung vum Hitler un d’Sowjetunioun gouf dat ursprénglecht RAD-Lager vu Mutfert mat der Zäit zu engem Krichsgefaangenelager fir Prisonnéier aus Osteuropa, virun allem fir Russen, Ukrainer a Polen. Leider gëtt et net vill Ënnerlagen aus dëser Zäit an och vun de Joren duerno. Déi Dokumenter, déi den Nationalarchiv huet, si nach wéinst „dateschutzrelevanten Informatiounen“ gespart. Et kann een awer mat zimmlecher Sécherheet unhuelen, dass déi Krichsgefaangenen, déi zu Mutfert festgehale goufen, näischt direkt mat deene sowjetesche Krichsgefaangenen ze doen haten, déi aus Däitschland als Zwangsaarbechter an der Stolindustrie am Minett agesat goufen. Do sollten si ënner anerem déi Lëtzebuerger als Aarbechtskräften ersetzen, déi an der Wehrmacht zwangsrekrutéiert waren, an domadder dozou bäidroen, déi ëmmer méi grouss Nofro vun der Waffenindustrie an Hitler-Däitschland ze decken. Agesat goufe vum däitschen Okkupant awer och vill sougenannte sowjetesch Ostarbeiterinnen, an dat souwuel an der Industrie wéi och an der Landwirtschaft am Süden. Wéi vill a wou déi russesch Krichsgefaangener aus dem Lager vu Mutfert geschafft hunn, ass offiziell (nach) net genee festzestellen.
Nom Krich PoW-Lager fir Zaldote vun der Wehrmacht
Wéi d’US Army am September 1944 Lëtzebuerg vum Nazijoch befreit huet, ass d’Lager vu Mutfert eent vun hire Quartéiere op dem Wee an Däitschland ginn. Den 12. September sinn déi éischt Amerikaner vum 112. Regiment vun der 28. Infanterie-Divisioun Key Stone mat Jeepen, Opklärungsween a schwéiere Panzer aus Richtung Sandweiler zu Mutfert ukomm. Aus dem Lager, dat déi Däitsch virdru séier geraumt haten, hu si net nëmmen e Bing fir déi gefaangen Zaldote vun der Wehrmacht gemat, déi vun elo un PoW (Prisoners of War) waren, mä si hunn do och eng Sendestatioun installéiert. D’Amerikaner si bis Mëtt Februar 1945 am „Wëllemslach“ bliwwen. Duerno ass déi nei gegrënnte Lëtzebuerger Arméi agezunn. Bis Januar 1946 huet déi 4. Kompanie vum zweete Batailloun d’PoW-Lager bewaacht. Duerno huet déi 3. Kompanie vum selwechte Batailloun dës Aufgab iwwerholl. Am Lager waren nieft den däitsche Krichsgefaangenen verurteelt Lëtzebuerger Nazi-Kollaborateuren a fortgelafe Russen, Polen, Tschechen a Jugoslawen internéiert. Nom Krich war Lëtzebuerg nämlech en Duerchzuchsgebitt fir sougenannten „Displaced Persons“ aus anere Länner. Fir dës Leit ware véier Lageren ageriiicht ginn, déi iwwert 1.500 Persounen ophuele konnten, wat allerdéngs net ouni Schwieregkeeten ofgelaf ass. Nieft Mutfert waren dës Lageren an der Stad, zu Aansebuerg an zu Schraasseg. An dësem Zesummenhank sief drop higewisen, dass d’Lëtzebuerger Regierung beim Ieweschten Haaptquartéier vun den Alliéieren Expeditiounsarméien (SHAEF) nogefrot hat, fir däitsch Krichsgefaangener fir d’Rekonstruktioun a virun allem fir d’Landwirtschaft ze kréien. Op dës Demande hin sinn an e puer Transporte ronn 5.000 däitsch Prisonnéier op Lëtzebuerg bruecht ginn. Sie goufen op verschidde Standuerte verdeelt, woubäi Mutfert als Haaptlager gegollen huet. Aner Lagere waren zu Schraasseg, Esch/Uelzecht, Uewer-Marteleng, Iechternach, Consdorf, Ettelbréck (Hôpital neuropsychiatrique), Beetebuerg (haitege „Parc merveilleux“), Woltz (Brake vun de russeschen Aarbechter vun der Ideal-Gierwerei), asw. D’Regierung war bestrieft, fir méiglechst vill däitsch Krichsgefaangener als „fräi Aarbechter“ hei ze behalen an ze beschäftegen. Déi aner sinn am September 1947 a Richtung Däitschland entlooss ginn. Well vill Krichsgefaangener an der Landwirtschaft agesat si ginn, war d’PoW-Lager vu Mutfert schonns 1946 dem Akerbauministère ënnerstallt ginn.
Wéi eng Ausmooss den Asaz vu Prisonnéier an der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg hat, geet dorausser ervir, dass den Akerbauministère dem Internationale Roude Kräiz zu Genf de 4. November 1946 op eng Nofro schrëftlech matgedeelt huet, datt zu deem Ament 2.780 däitsch Krichsgefaangener an dësem Secteur beschäftegt waren. Als rengt PoW-Lager ass dat vu Mutfert de 25. September 1947 offiziell opgeléist ginn. No dëser Opléisung waren am Oktober 1947 nach 59 Leit do an am Dezember 1948 nach 6. Am November 1948 gouf de Capitaine Max Brahms vun der Militärverwaltung an dem Landwirtschaftsministère zum Gérant vum Mutferter Lager ernannt. Dësen Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi, dee schonns fréi Kontakt mat dem Geheimdéngscht vun der franséischer Arméi hat, konnt als Judd no der Okkupatioun vu Lëtzebuerg duerch d’Nazien an England flüchten a gouf op der Militärakademie vu Sandhurst forméiert. Zweemol ass hien am Krich mam Fallschierm iwwert dem besate Frankräich erofgesprongen, fir de Maquis z’ënnerstëtzen. 1945 ass hien an déi jonk Lëtzebuerger Arméi agetratt, déi hien 1960 als Majouer verlooss huet, fir 1. Direkter vun deeër vun him opgebautener Protection civile ze ginn.
Vun 1948/49 u war d’Lëtzebuerger Arméi offiziell fir d’Lager zu Mutfert responsabel. Schonns 1946 hat awer de Sergeant titulaire Paul Kinn aus der Fiels – spéider war hie bei der Arméi mam Spëtznumm „Tarzan“ bekannt – d’Opsiicht an de Kommando. Mëtt Abrëll 1950 waren nach 14 sougenannte „mains d’oeuvre allemandes“ an 3 „Réfugiés I.R.O.“ registréiert, déi vun der Lëtzebuerger Arméi de Kascht kruten. Well déi nei Kasär um „Härebierg“ nach net gebaut war, huet d’Lager vu Mutfert als „ReserveCamp“ gedéngt, bis Enn 1955 déi éischten Zaldoten zu Dikrech agezu sinn.
Eng Brak aus dem fréiere PoW-Lager ass ofmontéiert ginn an am Bësch „Klenge Biirk“ un der Réimecherstrooss zu Mutfert nees opgebaut ginn als Home fir déi vum Dr. Charles-Edouard Rischard gegrënnte Scoutstrupp „Folke Bernadotte“. Spéider ass dëse Chalet aus Holz mat sengem Ënnerbau aus Steng a Bëtong dem „Club des Jeunes Moutfort“ zur Verfügung gestallt ginn. 1982 ass d’Klubhaus duerch e Feier ganz zerstéiert ginn.
Vun der Spill- a Picknickplaz zur Tennishal
Lues a lues ass d’Lager am „Wëllemslach“ verkomm an d’Natur huet d’Iwwerhand kritt. Op dem verwëlderte Site, iwwert deen d’Awunner sech ëmmer méi geiergert hunn, war Ufanks de 70er Joren e regionalt Erhuelungsgebitt mat Tennisterraine geplangt. Méi konkret gouf et dunn awer méi spéit an de Joren 1977/78. Am Kader vun den Noutstandsaarbechten, déi wéinst der Kris an der Stolindustrie als Beschäftegungsmossnam fir déi iwwerschësseg Belegschaft vun de Schmelzen am grousse Stil op ville Plazen am Land duerch Aarbechter vun der „Division anticrise“ (DAC) duerchgefouert a vun der ëffentlecher Hand finanzéiert goufen, ass um fréieren Areal vum RAD-, Krichsgefaangenen- a Militärlager e gréissere Chantier entstanen. Déi verfale Brake sinn ofgerappt ginn an den Terrain ass nivelléiert ginn, fir dass eng Zort Fräizäitpark mat enger Kannerspillplaz an enger Picknickplaz mat Grillméiglechkeeten konnt amenagéiert ginn. Leider sinn dës Installatiounen, zu deenen och nach e Fierschterhaische komm war, mat de Jore verfall. Op Initiativ vum „Tennis-Club de la Commune de Contern“ gouf 1997 mam Bau vun enger Tennishal mat zwee Spillfelder an engem Clubhouse op engem Terrain ugefaangen, dee bis dohinner nach ënnert Sequester stoung. Den 3. a 4. Juli 1999 konnten déi nei Anlage bei Geleeënheet vum 25. Anniversaire vum Veräin ageweit ginn.
Mat der Aweiung vun enger Gedenkplack um 9. Oktober 2021 soll un d’Lager „Wëllemslach“ vu Mutfert erënnert ginn, dat op seng Manéier e Mosaiksteen an der Geschicht vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich ass. Zugläich soll domatter un d’Leide vun deene Leit erënnert ginn, déi hei d’Affer vum Nazi-Terror goufen, wat op kee Fall däerf vergiess ginn.
Auteur
Auteur: Joseph Lorent (Präsident vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, Vizepräsident vun der „Fédération des Enrôlés de force, Victimes du nazisme“ a Member vun der Conter Sektioun vun den „Enrôlés de force“)
Dokumentatiounsquellen
Georges Even, Frauen erleben den Krieg, SaintPaul Luxembourg (2007); Prof. Emile Krier, Luxemburg am Ende der Besatzungszeit und der Neuanfang; André Hohengarten, Die Luxemburger Zwangsrekrutierten; Marc Trossen, „Verluere Joëren“, Geschichtsfrënn Lëtzebuerg (2015); Fräiwëlleg Pompjeeë Mutfert-Méideng, Buch „100 Joer Déngscht um Nächsten“ (2003-2006); Tennis-Club de la Commune de Contern, Brochure pour le 25e anniversaire et l’inauguration du nouveau hall de tennis (1999); Inna Ganschow, 100 Jahre Russen in Luxemburg, Fondation Lydie Schmit/uni.lu (2020); Wikipedia; Privatarchiv j-lo.