Vëlosummer 29/07 – 27/08/2023

De Vëlosummer ass eng gemeinsam Initiativ vun der Generaldirektioun fir Tourismus an dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. A Kollaboratioun mat 58 Gemengen, ginn ab dem 29. Juli eng Partie Stroossen uechter d’Land fir d’Vëlosfuerer reservéiert. Des Vëlostier kënnen dann Weekends, oder souguer wärend dem ganze Mount August entdeckt ginn.

Dës Vëlostoure bidden déi besonnesch Geleeënheet touristesch Highlights ze entdecken.

Fir eng Excursioun duerch Lëtzebuerg optimal kënnen ze plangen, gouf zesumme mat ProVelo eng Kaart ausgeschafft, déi déi zwielef Vëlostier illustréiert. D’Kaarte fir erofzelueden oder gratis ze bestellen, souwéi Informatiounen an Detailer zu den Toure stinn op www.velosummer.lu

Och wärend dem Vëlosummer, bléift et wichteg drun ze denken, datt:

(1) déi gespaarte Stroossen weiderhi fir Awunner an den ëffentlechen Transport zougänglech bleiwen an de Code de la route zu all Moment a Kraaft bleift;

(2) Vëloen nëmmen op den designéierten Ofstellplazen an Zich a Busser transportéiert kënne ginn;

(3) d’Piste vum Vëlosummer beschëldert sinn.

Fir eng Excursioun vun e puer Deeg, kann een vun bed+bike Hebergementer profitéieren déi op d’Besoine vu Vëlosfuerer aginn. Mat dem Gepäckdéngscht movewecarry.lu kënnen sech d‘Vëlosfuerer hiert Gepäck gratis vun engem gebuchten Hebergement bei dat nächst liwwere loossen.

Hei fannt dir den Tour deen duerch eis Gemeng féiert.

Sir-Ulezechtdall-tour : Sir-Uelzechtdall-Tour

Pistes cyclables

Au niveau régional

Au niveau national

Circuit VTT
Contern/Dalheim/Frisange/Weiler-la-Tour

Dernière modification le 17.07.2023
Aller au contenu principal