Den 28. Mee 2013 huet d’Jugendhaus Mutfert seng Diren eng éischte Kéier fir déi Jonk opgespaart. Leschte Freiden huet d’Jugendhaus, a Präsenz vun der Buergermeeschtesch, genau 10 Joer no der Erëffnung, op déi nächst Joeren ugestouss.
Vill huet d’Jugendhaus un der Relatioun a Vertrauen zum an mam Jonken geschafft, flott Kollaboratiounen sinn entstanen, et si Brécken gebaut ginn zu Veräiner, Kommissiounen, der Schoul, der Maison Relais… méi dozou wäert dir am nächste Connect fannen.
Mir soen dem Jugendhaus Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht a freeën eis och weiderhi mat hinne produktiv an der Jugendaarbecht ze schaffen.