Le nouveau projet veloskaart.lu du Méco

Mat Ärer Hëllef fir besser a méi sécher Vëlosinfrastrukturen!

Mellt problematesch a geféierlech Plaze fir de Vëlo!

Ëmmer méi Leit wëlle Vëlo fueren…mee och wann sech eppes fir de Vëlo an de leschte Jore gedoen huet, sinn d’Infrastrukturen nach vill ze oft net wéi se sollte sinn. Et feelen deels Vëlospisten a wann der do sinn, sinn se net ëmmer sécher. Weider Problemer sinn onnéideg Ëmweeër, Hindernisser, wéineg Confort oder schlecht Beleeg a villes méi.

Wëllt Dir och net länger nokucken?!
Wëllt Dir mathëllefen datt et viru geet an datt de Vëlosverkéier am Land méi sécher gëtt?!
Dann drot Är problematesch Vëlosplazen – a wann Dir wëllt och Är Ureegunge fir d’Situatioun ze verbesseren – ganz einfach op enger interaktiver Kaart an!
Am beschten och mat Foto oder Video.
De Projet leeft bis den 31. Oktober 2021.

Uschléissend wäerten dës Informatiounen anonym un déi betraffe Gemengen an den Transportministère weiderleeden a se der Press virstellen.

Gitt dofir elo op veloskaart.lu

Version française, English version

Dernière modification le 26.07.2021

Des articles de la même catégorie

Gemengerotssëtzung 21 02 2024

Gemengerotssëtzung 21 02 2024

Das Kollegium der Bürgermeister und Schöffen der Gemeinde Contern lädt gemäß der Artikel 12 und 13 des umgeänderten Kommunalgesetzes vom 13. Dezember 1988 die Mitglieder des Gemeinderates ein, sich am Mittwoch, den 21. Februar 2024 um 17.00 Uhr im Rathaus in Contern...

lire plus
Asammele vun de Chrëschtbeemercher

Asammele vun de Chrëschtbeemercher

Ramassage des sapins de Noel  Les sapins à Contern, Moutfort et Milbech seront ramassés le 14 janvier 2024 par le CdJ Contern.  Les sapins d’Oetrange seront ramassés le 16 janvier 2024 par la Commune de Contern.

lire plus
Aller au contenu principal