Schonn am Joer 2019 hunn eis Awunner dem Schäfferot bei engem Workshop iwwert eis Duerfkären an eis Verkéierssituatioun matgedeelt, wéi wichteg hinnen e « Parking résidentiel » ass.
Eise Stationnement résidentiel, deen zesumme mam Bureau d’études « Schroeder&Associés » ausgeschafft gouf, wäert elo den 1. Januar 2022 an eiser Gemeng a Kraaft trieden.
De Méindeg den Owend gouf de Projet eisen Awunner bei enger Informatiounsveranstaltung virgestallt an dës Woch kritt och all Awunner eng Broschür mat allen interessanten Informatiounen ausgedeelt (mat Formulaire, fir eng Vignette unzefroen, fir all Stot, deen an enger vun de betraffenen Zone wunnt).
Weider Informatioune fannt Dir op onsem Site web souwéi an enger flotter Reportage vun RTL.