Mobilitéit an der Gemeng – Nightrider a Conti Bus

Fir de Bierger e beschtméigleche Service an Transport unzebidden, gouf de Conti Bus op Bestriewe vum Schäfferot komplett iwwerschafft. Ab dem 15. Mäerz fiert eise Conti Bus elo eng nei Destinatioun un: d‘Crèche Jangeli zu Hesper mat enger Apdikt, enger Bank an der Post ronderëm. Awunner, déi dëse Service wëlle benotzen, kënnen en Abonnement fir de Conti Bus ofschléissen. Dës Ännerung erméiglecht et der Gemeng Conter, méi transparent ze schaffen a Statistiken ze féieren, fir erauszefannen, wou d’reell Besoine vun eisen Awunner am Bezuch op de Conti Bus sinn. De Präis fir eng Kaart ass dobäi ofhängeg vum Alter.
 
Am Kader vun enger Verbesserung vun der Mobilitéit bitt d’Gemeng sengen Awunner ab dem 15. Mäerz iwwerdeems nieft dem Latenightbus och d’Méiglechkeet, eng Night-Rider-Kaart direkt op der Gemeng unzefroen. De Schäfferot offréiert Interesséierten déi éischt 10 gratis Night-Rider-Faarten, nodeems si hir Kaart ugefrot hunn.
Dës Ännerungen a weider interessant Detailler konnten eis Awunner haut am Kader vun enger gutt besichter Informatiounsveranstaltung gewuer ginn.
Weider Informatioune fannt dir hei Contern mobilité
 
Dernière modification le 02.03.2022

Des articles de la même catégorie

Soirée de présentation du bilan échevinal 2017-2023

Soirée de présentation du bilan échevinal 2017-2023

Le Collège échevinal de Contern a présenté jeudi, le 23 mars 2023 le bilan de la commune avec tous les travaux et projets réalisés au cours de la période législative 2017-2023 à de nombreux citoyens intéressés. Vous trouverez ici quelques impressions de l'événement :...

lire plus
Aller au contenu principal