Inauguration du Centre culturel “An Henkes”

Déi zweet Phas vun der Renovatioun vum Gemengegebai “An Henkes” zu Conter ass elo ofgeschloss.

An dësem Gebai huet d’Chorale Les Villageois e grousse Proufsall mat integréierter Stuff zur Verfügung. De Sall vum Club des Jeunes Conter ass erneiert ginn a si hunn och elo den néidegen Ofstellraum fir hiert ganzt Material. De Supporterclub vum AB Contern an d’Conter Pompjeeën hu jeeweils e flotte Versammlungsraum, wou si hir Aktivitéite plange kënnen.

Zousätzlech zu dëse Räimlechkeete fannt Dir elo 2 grouss Säll, déi Dir loune kënnt.

Fir den Ofschloss vun der Renovatioun vum Henkeshaus éierbar ze feieren, hunn de Schäfferot an d’Veräiner, déi hire Veräinssall “An Henkes” hunn, eis Awunner de Sonndeg häerzlech op d’Aweiung vum Henkeshaus agelueden.

Hei fannt Dir e puer Andréck vun dësem flotten Event.

Dernière modification le 06.03.2022

Des articles de la même catégorie

Info Chantier

Info Chantier

30.08 - 09.09.2025Travaux : Suppression du passage à niveau existant Chers citoyens, chères citoyennes, L’administration communale de Contern vous informe que des travaux seront réalisés du samedi 30 août 2025 à 04h00 jusqu’au mardi 9 septembre 2025 à 17h00 dans le...

lire plus
Commande de bois de chauffage

Commande de bois de chauffage

Attention: Cette offre s'adresse UNIQUEMENT aux habitants de la commune de Contern. Achtung: Dieses Angebot richtet sich AUSSCHLIESSLICH an die Einwohner der Gemeinde Contern. Buche /  hêtre (Preise pro Korde / prix par corde) am Waldweg  //  au chemin forestier     ...

lire plus
Aller au contenu principal