Ufro fir eng Lëtzebuerger Identitéitskaart oder e Pass
Lëtzebuerger Statsbierger kënnen eng Identitéitskaart oder e Pass op der Gemeng, wou si ugemellt sinn, ufroen. Dofir musst Dir Folgendes maachen:
- D’Taxe bezuelen*,
- e Rendez-vous am Virfeld op der Gemeng ufroen (Tel.: 35 02 61)
Dir kommt mat der Preuve de Paiement op d’Gemeng a mir maachen Är Demande & Foto.
D’Identitéitskaart resp. de Pass ass spéitstens no 10 Schaffdeeg um Populatiounsbüro ze kréien.
*) Taxe de chancellerie vun der Identitéitskaart
- 14€ fir Awunner vu 15 Joer un (10 Joer valabel),
- 10€ fir Kanner vu 4 bis 14 Joer abegraff (5 Joer valabel),
- 5€ fir Kanner ënner 4 Joer (2 Joer valabel. Fir de Baby musst Dir eng biometresch Foto matbréngen).
Wann Dir eng Procédure d’urgence ufrot, ass d’Taxe 45€. Mat der Procédure d’urgence kann d’Identitéitskaart no 3 Schaffdeeg um CTIE op 11, rue Notre-Dame, L-2240 Lëtzebuerg ofgeholl ginn.
D’Taxe fir d’Identitéitskaart musst Dir op folgende Konto iwwerweisen:
Nummer: CCPL LU44 1111 7028 7715 0000
Titulaire: TS-CE CTIE CARTES D’IDENTITES
Mentioun: Numm a Virnumm.
Bei Verloscht musst Dir eng « Déclaration de perte/vol » vun der Police matbréngen.