« De séchere Schoulwee »: Tournage d’une vidéo

Am Kader vun eisem Konzept vum « Séchere Schoulwee »*, dee mir d’lescht Joer ausgeschafft hunn an dee kontinuéierlech fir méi Sécherheet fir eis Kanner suerge soll, dréine mir grad mat Pulsa e schéine Video.

D’Resultat dovunner gesitt Dir fir d’Schoulrentrée 2021/2022.

Villmools Merci un zwou Actricen, d’Léini an d’Sophie!

Hei fannt Dir e puer schéi Fotoe vum Tournage.

*De « Séchere Schoulwee » ass e Konzept, dat d’Gemeng Conter zesumme mat der Elterevereenegung a mat der Schoulkommissioun erstallt huet. Am Kader heivunner goufen – ënner Berécksichtegung vun de Resultater vun enger Ëmfro ënnert de Schüler an den Elteren – d’Weeër zur Schoul bzw. zu de Busarrêten an der ganzer Gemeng reorganiséiert an entspriechend Foussgängerweeër speziell mam Schoullogo « AILA » ausgewisen.

Dernière modification le 02.06.2021

Des articles de la même catégorie

Info Chantier

Info Chantier

30.08 - 09.09.2025Travaux : Suppression du passage à niveau existant Chers citoyens, chères citoyennes, L’administration communale de Contern vous informe que des travaux seront réalisés du samedi 30 août 2025 à 04h00 jusqu’au mardi 9 septembre 2025 à 17h00 dans le...

lire plus
Aller au contenu principal