Aweiung vum neie Carport fir de CGDIS – CIS Moutfort

D’lescht Joer huet de Schäfferot vun der Gemeng Conter gréisser Renovatiounsaarbechten op der Plaz virum CGDIS-Gebai zu Mutfert geplangt. Donieft gouf en neie Carport fir de CGDIS – CIS Mutfert duerch eisen techneschen Déngscht installéiert. De Käschtepunkt fir dës Carport-Installatioun louch bei 33.200 Euro.

D’Plaz virum CGDIS-Gebai gouf tëscht Januar a Juni 2021 reamenagéiert an och drainéiert. Wärend dëser Zäit ass am Kader vum Bassin d’orage WS07 an der route de Remich och d’Kanalisatioun an der Impasse de la Syre laanscht de Fussballsterain bis an de Bassin d’orage erneiert ginn. Bei dësem Chantier goufe sämtlech Reseauen an der Impasse nei verluecht, dorënner d’Post, d’Antenne, de Stroum, den Eclairage, d’Gas- an och d’Waasserleitung (Käschte fir d’Gemeng: 45.000 Euro).

De Schäfferot vun der Gemeng Conter huet an dësem Kader haut op d’Aweiung vum neie Carport fir eis Pompjeeën invitéiert, mat Riede vun eiser Buergermeeschtesch, dem Marion Zovilé-Braquet, a vun eisem Chef de Centre Mutfert, dem Bram Krieps. D’Aweiung gouf mat engem Éierewäin an engem Maufel vum Grill ofgeschloss.

Un dësem Event, deen am klenge Krees ofgehale gouf, hunn den Här Paul Wirtz, Chef de Zone Est, verschidde Chefs de Centre aus der Regioun, de Buergermeeschter vu Waldbriedemes, den Här Thomas Wolter, an d’Membere vum CIS Mutfert deelgeholl.

An eiser Fotogalerie fannt Dir flott Fotoe vum Event.

Dernière modification le 22.04.2022

Des articles de la même catégorie

Grouss Botz 2024

Grouss Botz 2024

De Schäfferot vun der Gemeng Conter organiséiert dëst Joer erëm seng Grouss Botz zesumme mat der Ëmwelt-, Energie- a Klimakommissioun a mat de Schoulkanner. Am Kader vun der Grousser Botz maachen d’Schoulzyklen den 29. Mäerz en Tour duerch d’Gemeng, fir Dreck ze...

lire plus
Gemengerotssëtzung 21 02 2024

Gemengerotssëtzung 21 02 2024

Das Kollegium der Bürgermeister und Schöffen der Gemeinde Contern lädt gemäß der Artikel 12 und 13 des umgeänderten Kommunalgesetzes vom 13. Dezember 1988 die Mitglieder des Gemeinderates ein, sich am Mittwoch, den 21. Februar 2024 um 17.00 Uhr im Rathaus in Contern...

lire plus
Aller au contenu principal