Demande d’une nouvelle carte d’identité

Ufro fir eng Lëtzebuerger Identitéitskaart oder e Pass

Lëtzebuerger Statsbierger kënnen eng Identitéitskaart oder e Pass op der Gemeng, wou si ugemellt sinn, ufroen. Dofir musst Dir Folgendes maachen:

  • D’Taxe bezuelen*,
  • e Rendez-vous am Virfeld op der Gemeng ufroen (Tel.: 35 02 61)

Dir kommt mat der Preuve de Paiement op d’Gemeng a mir maachen Är Demande & Foto.
D’Identitéitskaart resp. de Pass ass spéitstens no 10 Schaffdeeg um Populatiounsbüro ze kréien.

*) Taxe de chancellerie vun der Identitéitskaart

  • 14€ fir Awunner vu 15 Joer un (10 Joer valabel),
  • 10€ fir Kanner vu 4 bis 14 Joer abegraff (5 Joer valabel),
  • 5€ fir Kanner ënner 4 Joer (2 Joer valabel. Fir de Baby musst Dir eng biometresch Foto matbréngen).

Wann Dir eng Procédure d’urgence ufrot, ass d’Taxe 45€. Mat der Procédure d’urgence kann d’Identitéitskaart no 3 Schaffdeeg um CTIE op 11, rue Notre-Dame, L-2240 Lëtzebuerg ofgeholl ginn.

D’Taxe fir d’Identitéitskaart musst Dir op folgende Konto iwwerweisen:

Nummer: CCPL LU44 1111 7028 7715 0000
Titulaire: TS-CE CTIE CARTES D’IDENTITES
Mentioun: Numm a Virnumm.

Bei Verloscht musst Dir eng « Déclaration de perte/vol » vun der Police matbréngen.

Dernière modification le 26.04.2021

Des articles de la même catégorie

Cours de luxembourgeois : Inscriptions ouvertes

Cours de luxembourgeois : Inscriptions ouvertes

🇫🇷 Afin de favoriser l’intégration de nos citoyens de nationalité non-luxembourgeoise, la commune de Contern organise des cours de langue luxembourgeoise. Les cours hébdomadaires se tiendront lundi et mardi (débutant, intermédiaire, avancé). Début : octobre 2024, fin...

lire plus
Asammele vun de Chrëschtbeemercher

Asammele vun de Chrëschtbeemercher

Ramassage des sapins de Noel  Les sapins à Contern, Moutfort et Milbech seront ramassés le 14 janvier 2024 par le CdJ Contern.  Les sapins d’Oetrange seront ramassés le 16 janvier 2024 par la Commune de Contern.

lire plus
Aller au contenu principal