Nationalfeierdag: Upassung vum Programm

Avis | Canicule – Fête nationale

LU
Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Wéinst den ugekënnegten extrem héijen Temperaturen huet de Schäfferot decidéiert de Programm vun Nationalfeierdag fir de 23.06.2026 unzepassen. D’Gesondheet an d’Wuelbefanne vu jidderengem stinn un éischter Stell.

Follgend Ännerunge goufe beschloss:

  • Cortège: De Cortège, deen um 10:00 sollt lass goen, ass ofgesot.
  • Te Deum: Den Te Deum gëtt bäibehal.
  • Offiziellen Deel: D’Ried vum Buergermeeschter ass op 18:00 Auer verluecht.
  • Aktivitéiten: De Programm gëtt zäitlech no hanne verluecht.
  • D’Gemeng stellt verstäerkt Waasser zur Verfügung.

Den ugepasste Programm:

10:15 Auer: Neierleeën vun der Gerbe a Sonnerie aux Morts | Monument aux Morts, Église Moutfort
10:30 Auer: Te Deum | Église Moutfort

18:00 Auer:     Ried vum Buergermeeschter Dali Zhu
                        Ons Heemecht
                        Éirewäin a Beegleedung vu Saxitude
ab 18:15 Auer: Iessen- a Gedrénksstänn vu lokale Veräiner a Restaurateuren
                        Kanneranimatiounen:
                        Sprangschlässer, Bungee-Trampolin, Facepainting, Balloneur, Mol-Atelier
19:00 Auer:     Lisa Mariotto
20:30 Auer:     Zaubershow vum Jay Witlox

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech a freeën eis drop, trotz der Hëtzt e schéine Feierdag, wann och méi kuerz, mat Iech ze verbréngen!

De Schäfferot

Dali Zhu

Buergermeeschter

Pol Thomé

Schäffen

Jean-Jacques ARRENSDORFF

Schäffen

Dernière modification le 22.06.2026

Des articles de la même catégorie

LASEP: Infos et Inscriptions

LASEP: Infos et Inscriptions

Chers parents, le collège des bourgmestre et échevins de la commune de Contern, en collaboration avec la Maison Relais Contern, vous informe qu'à partir du 30 septembre 2026, la LASEP sera proposée tous les mardis et jeudis (sauf pendant les vacances scolaires)....

lire plus
L’ANF informe : Prudence en forêt

L’ANF informe : Prudence en forêt

L'ANF vous informe Prudence en forêt – risques accrus en période de sécheresse et de chaleurLes périodes prolongées de chaleur et de sécheresse fragilisent fortement nos forêts. Outre la possibilité d’incendies, le risque de chutes de branches ou de ruptures d’arbres...

lire plus
Aller au contenu principal