Grouss Botz 2026: Umeldung

De Schäfferot, zesumme mat der Ëmweltkommissioun vun der Conter Gemeng invitéiet Iech op hir „Grouss Botz” wou Offall laanscht d’Stroossen a Feldweeër agesammelt gëtt.

Um Programm:

09:45 Auer | Opdeelung vun den Tier am Centre Culturel Mutfert mat Kaffi

10:00 Auer | Départ

ab 11:30 Auer | Retour mat uschléissendem Mëttegiessen (Iebsebulli an Dessert)

Selbstverständlech stellt d’Gemeng Hännchen, Tuten a Gräifzaangen zur Verfügung.
Bréngt w.e.g e Sécherheetsgilet mat fir unzedoen.

Villmools Merci fir Är Hëllef!

Umeldung / Inscription / Registration:

ACCÈS –

Dir kënnt relativ einfach op den Auto verzichten:

Bus RGTR Linne:
324 325 327 401 403 406 411 456
fueren d’Arrêten « Kappell » an « Srybréck » un.
Infoen op www.mobiliteit.lu

Vëlosstänner
fannt Dir virum Centre Culturel

Green Event

 D’Gemeng Conter ass houfreg, datt eis Grouss Botz 2026 de Logo Green Events kritt huet 🌍💚💪♻

Duerch d’Erhale vun dësem Logo gëtt déi nohalteg a klimafrëndlech Organisatioun vun dësem Evenement souwuel ënnerstrach ewéi och unerkannt – woubäi mir besonneg op dës Kritäre vill Wäert leeën:

  • mir verzichten bewosst op Eeweegeschier a benotze kee Plastik
  • eist Iessen ass zum Deel Bio an gréisstendeels lokal/regional
  • eist Gedrénks ass och Bio an regional (ausser de Kaffi, deen ass Fairtrade)
  • mir reduzéieren eisen Reschtoffall op e Maximum andeems mir alles richteg trennen a recycléieren

 

🙏 Villmools Merci der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. datt si eis bei der Organisatioun an dem Ëmsetzen/Applizéiere vun dëse Krittären ënnerstëtzt

🌿♻ Weider Informatiounen zum Logo Green Events fannt Dir op www.greenevents.lu

Dernière modification le 17.02.2026

Des articles de la même catégorie

Maacht mat: Ëmfro « Gemengepakt »

Maacht mat: Ëmfro « Gemengepakt »

Dir sidd drun: Maacht mat!Maacht mat bei der Ëmfro vum Gemengepakt – et dauert just 5 Minutten.  Wann Dir léiwer ënner Pabeierform matmaacht, da kommt gären e Froebou op d'Gemeng sichen oder rufft un – mir schécken Iech e gären Heem.FRPrenez part à l'enquête du Pacte...

lire plus
Avis: Drénkwaasser

Avis: Drénkwaasser

LUD’Gemeng informéiert d’Awunnerinnen an Awunner, datt déi dräi Uertschaften Conter, Mutfert a Méideng aktuell temporär mat Quellewaasser versuergt ginn. Dës Ëmstellung steet am Zesummenhang mat den aktuellen Ëmbauaarbechten un der Pompelstatioun zu Millbech. 💦 ✅...

lire plus
Aller au contenu principal