de Connect: den neie Buet

Méi modern,
méi informativ
a méi no bei Iech.

Mir freeën eis, Iech mat dëser Editioun den neie Connect virzestellen. Eise Gemengebuet huet sech weiderentwéckelt – net nëmme visuell, mee och am Inhalt. Méi modern, méi informativ a méi no bei Iech: dat ass den Usproch, dee mir mat dësem neie Format verfollegen.

Conter ass eng lieweg Gemeng, déi sech permanent beweegt. Nei Projeten entstinn, aner ginn ofgeschloss, Iddien entwéckele sech, an d’Liewe vun de Veräiner an Initiativen vun de Biergerinnen a Bierger mécht eis Gemeng all Dag e Stéck méi räich. De Connect soll dës Dynamik ofbilden an Iech e kloert, verständlecht an transparent Bild dovu ginn, wat an eiser Gemeng geschitt.

An dëser Zäitschrëft fannt Dir net nëmmen Neiegkeeten aus der Gemeng, mee och Hannergrënn, Erklärungen a Portraiten. Et geet eis drëms, Zesummenhäng opzeweisen, Entscheedungen nozevollzéien an Iech en Abléck an d’Aarbecht vun der Gemeng ze ginn – kuerz: Informatioun, déi relevant ass an Iech am Alldag begleet.

Gutt Kommunikatioun ass fir eis net eesäiteg, mee en Austausch. Dofir verstinn mir de Connect och als eng Bréck tëscht der Gemeng an de Biergerinnen a Bierger. Är Meenungen, Äert Engagement an Är Iddien droen dozou bäi, d’Gemeng Conter weider ze gestalten.

Mir hoffen, datt Dir Freed un dësem neie Connect hutt an en als dat notzt, wat en ass: en Abléck an d’Gemengeliewen, eng Informatiounsquell an eng Verbindung tëscht eis all.

Vill Freed
beim Liesen!

Äre Schäfferot
Dali ZHU, Buergermeeschter
Pol Thomé, Schäffen
Ari ARRENSDORFF, Schäffen

Dernière modification le 14.04.2026

Des articles de la même catégorie

Maach mat | Buedemprouf ECHOSoil

Maach mat | Buedemprouf ECHOSoil

LU Am Kader vum europäeschen Projet ECHO Soil, deen a Lëtzebuerg vum Klima-Bündnis koordinéiert gëtt, ginn duerch d’ganzt Land Buedemprouwen geholl. Beim Projet geet et drëms, fir iwwer d’Buedemprouwen eng Kartografie vun der Buedemqualitéit an Europa z’établéieren...

lire plus
Open Air Kino: Upassung | Canicule

Open Air Kino: Upassung | Canicule

LU Wéinst den ugekënnegten Temperaturen huet de Schäfferot decidéiert de Programm vum Open Air Kino fir de 26.06.2026 unzepassen. Deemno ass de Programm wéi follgt: 18:00 Auer Start 19:00 Auer : Kanner Film |  PADDINGTON IN PERU - Ein kleiner Bär auf großer Reise (DE)...

lire plus
Prolongation : Avis | Canicule

Prolongation : Avis | Canicule

LU Verlängerung: Keng Schoulpflicht, Freides den 26. Juni Mëttes   Léif Elteren, De Schäfferot vun der Gemeng Conter deelt mat, dass wéinst den aktuelle Wiederprevisiounen d’Schoulpflicht Méindeg, den 22. Juni 2026 Mëttes an Mëttwochs den 24. Juni 2026 Mëttes  an...

lire plus
Aller au contenu principal