Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

Am Kader vum Dag vun der Lëtzuebuerger Sprooch proposéiert d’Gemeng Conter an Zesummenaarbecht mat der Kultur- an Tourismuskommissioun, sou wéi der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen verschidden Eventer.

24. September 2026

Potercafé

19:00 Auer | Jugendhaus, Mutfert

Loscht an engem entspaante Kader Lëtzebuergesch ze schwätzen? D’Gemeng Conter, d’Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen an d‘Kulturkommissioun invitéieren Iech op de Potercafé.
Mir verstinn Iech och op Däitsch, Franséisch oder Englesch.

26. September 2026

Filmowend

Jugendhaus, Mutfert

18:00 Auer | Superjhemp retörns

20:00 Auer | Läif a Séil

Sidd dobäi wann de Reuniounssall zu Mutfert am Jugendhaus sech an e Kinosraum verwandelt. Sou wéi dat sech fir e Filmowend gehéiert, ass fir „Snacks“ a Gedrénks gesuergt.

25. September 2026

Quizowend

19:00 Auer | Bistro « An Henkes », Conter

Test Äert Lëtzebuerg-Wëssen! An 6 Kategorien, kritt Dir déi verschiddenst Froen zu de verschiddensten Theme gestallt. Nëmmen op Umeldung.

Gespillt gëtt an Ekippe vun 3 bis maximal 5 Leit. Wann Dir keng Ekipp hutt, da mellt Iech eenzel un – da gitt Dir an eng nei Ekipp gesat oder bei eng bäigesat.

Umeldung:

Nom
Ech mellen un / J'inscris / I register
OPGEPASST: Dir spillt an Ekippen vun 3 bis maximal 5 Leit. Wann Dir keng Ekipp hutt, da mellt Iech eenzel un – da gitt Dir an eng nei Ekipp gesat oder bei eng bäisgesat. /ATTENTION : Le quiz se joue par équipes de 3 à 5 personnes maximum. Vous n'avez pas d'équipe ? Inscrivez-vous en solo ! Nous vous placerons dans un nouveau groupe ou vous intégrerons à une équipe existante.PLEASE NOTE: Teams must consist of 3 to 5 players max. Don't have a team? Just sign up solo and we'll match you with a new group or add you to an existing team!
Dernière modification le 20.08.2026

Des articles de la même catégorie

LASEP: Infos et Inscriptions

LASEP: Infos et Inscriptions

Chers parents, le collège des bourgmestre et échevins de la commune de Contern, en collaboration avec la Maison Relais Contern, vous informe qu'à partir du 30 septembre 2026, la LASEP sera proposée tous les mardis et jeudis (sauf pendant les vacances scolaires)....

lire plus
Aller au contenu principal