LU
Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft eis Gemeng dorun, fir de Bestëbser erëm méi Pollen- a Nektarquellen an eisen Dierfer ze bidden. Aus deem Grond huet de Schäfferot decidéiert, fir d’Bierger bei der ekologescher Gestaltung vun hire Gäert a Balkonen ze ënnerstëtze. Mir bidden Iech och dëst Joer erëm zesumme mam SIAS eng Aktioun, mat där Dir Äre Gaart ästhetesch an ekologesch opwäerte kënnt an de Bestëbser-Insekten eng wichteg Narungsquell bitt.
Mir offréieren den Intresséierten aus der Gemeng ee Pak mat 6 bestëbserfrëndleche Wëllstaude fir ronderëm d’Haus ze planzen. Wëllstauden si méijäreg Planzen, déi sech am Wanter an de Buedem zeréckzéien an am Fréijoer nei ausdreiwen. Als lëtzebuergesch Wëllstaud gi Stauden bezeechent, déi aus dem Som vu wëlle Planzen hei zu Lëtzebuerg gezillt goufen an eis sou an hirer Wëllform erhale bleiwe. Sou kënnen d’Insekten am Beschten vun de natierleche Bléie vun der Färberkamill, der Margréitchen oder der Moschus-Malve profitéieren. Säit dësem Joer ginn dës Stauden och zu Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat soziale Strukture wéi dem CIGL Esch oder dem Lëlljer Gaart produzéiert.

Wat maachen ech mat de
Stauden?
Am beschte planzt Dir d’Stauden op eng sonneg Plaz ronderëm Äert Haus (bei der Liwwerung kritt Dir och eng Planz-Uleedung mat Informatiounen zu deene verschiddene Staude). Dir musst eng Fläch vun engem Quadratmeter fir déi 6 Staude virgesinn.
Bestellungen | Commandes
Bestellungen bis den 11. Oktober inclus
Veuillez passer votre commande jusqu’au 11 octobre
Bestellung bis den 11.10.2026
Liwwerung: Schluss Oktober
Dir kritt per Mail de genaue Liwwer-Datum geschéckt


FR
En collaboration avec la station biologique SIAS, notre commune s’engage à augmenter les sources de pollen et de nectar pour les pollinisateurs dans nos villages. C’est pourquoi le collège des Bourgmestre et échevins a décidé de soutenir les citoyens dans l’aménagement écologique de leurs jardins et de leurs balcons. Nous vous proposons cette année, en coopération avec le SIAS, une action permettant de valoriser à la fois l’esthétique et l’écologie de votre jardin, tout en créant une source de nourriture pour les pollinisateurs.
Chaque ménage intéressé peut recevoir gratuitement un paquet de 6 plantes vivaces sauvages à planter aux alentours de la maison. Les vivaces sont des plantes qui se retirent dans le sol en hiver et repoussent au printemps. Ces vivaces sauvages luxembourgeoises proviennent de graines récoltées d’auprès des plantes sauvages indigènes, ce qui permet de préserver leur forme naturelle. Les insectes peuvent ainsi profiter pleinement des fleurs naturelles de la camomille des teinturiers, de la marguerite ou encore de la mauve musquée.
Depuis cette année, ces plantes sont produites au Luxembourg en collaboration avec des entreprises sociales telles que CIGL Esch ou Lëlljer Gaart.
EN
In collaboration with the SIAS biological station, our municipality is committed to boosting pollen and nectar sources for local pollinators across our villages. To support this effort, the Board of Mayor and Aldermen is helping residents introduce eco-friendly practices to their gardens and balconies. In partnership with SIAS, we are offering an initiative this year that enhances both the beauty and ecology of your outdoor spaces while providing vital food for pollinators.
Each interested household can receive a free pack of 6 native wild perennials to plant around their home. Perennials naturally die back underground during winter and bloom again every spring. Grown from seeds harvested directly from indigenous wild species, these native Luxembourgish perennials retain their natural form, allowing local insects to fully benefit from flowers like dyer’s chamomile, oxeye daisy, and musk mallow. Starting this year, these plants are grown locally in Luxembourg in partnership with social enterprises such as CIGL Esch and Lëlljer Gaart.




