Am Kader vum Dag vun der Lëtzuebuerger Sprooch proposéiert d’Gemeng Conter an Zesummenaarbecht mat der Kultur- an Tourismuskommissioun, sou wéi der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen verschidden Eventer.
24. September 2026
Potercafé
19:00 Auer | Jugendhaus, Mutfert
Loscht an engem entspaante Kader Lëtzebuergesch ze schwätzen? D’Gemeng Conter, d’Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen an d‘Kulturkommissioun invitéieren Iech op de Potercafé.
Mir verstinn Iech och op Däitsch, Franséisch oder Englesch.
26. September 2026
Filmowend
Jugendhaus, Mutfert
18:00 Auer | Superjhemp retörns
20:00 Auer | Läif a Séil
Sidd dobäi wann de Reuniounssall zu Mutfert am Jugendhaus sech an e Kinosraum verwandelt. Sou wéi dat sech fir e Filmowend gehéiert, ass fir „Snacks“ a Gedrénks gesuergt.
25. September 2026
Quizowend
19:00 Auer | Bistro « An Henkes », Conter
Test Äert Lëtzebuerg-Wëssen! An 6 Kategorien, kritt Dir déi verschiddenst Froen zu de verschiddensten Theme gestallt. Nëmmen op Umeldung.
Gespillt gëtt an Ekippe vun 3 bis maximal 5 Leit. Wann Dir keng Ekipp hutt, da mellt Iech eenzel un – da gitt Dir an eng nei Ekipp gesat oder bei eng bäigesat.




