Nopeschfest 2026

Feiert mat Äre Noperen!

Firwat e Nopeschfest?

Seng Noperen ze invitéieren verbessert de sozialen Zesummenhalt, d’Gesellegkeet an d’Solidaritéit am Quartier oder am Duerf. Dat ass de Sënn an Zweck vum Europäesche Fest vun de Noperen, dat dëst Joer Freides de 22. Mee stattfënnt. Mat den éischte Schratt a stellt Iech bei de Nopere vir, déi Dir nach net kennt.

Wien organiséiert d’Nopeschfest ?

Dir, andeems der Är Noperen invitéiert.

Wou soll d’Nopeschfest stattfannen ?

Am Haff oder an der Entrée, am Gaart oder an engem Appartement, op enger ëffentlecher Plaz, an engem Park oder einfach op der Strooss…

Wéi soll d’Nopeschfest organiséiert ginn ?

– Kontaktéiert eis fir Béierbänken an/oder Zelter ze reservéieren.

– Lued d’Affiche, Flyeren an d’Invitatiounen erof op nopeschfest.lu .

– Hänkt Plakater op a verdeelt Invitatiounen mam Datum, der Auerzäit an der Plaz un Är Noperen.

– Organiséiert d’Fest zesumme mat deenen Noperen, déi der am Beschte kennt.

– Eenegt Iech op eng Form fir d’Fest: en einfachen Aperitif, en Zallotebuffet, Grillfest, en Dessertsconcours, …. Denkt och un d’Kanner!

– Jidderee kann hëllefen an eppes fir ze iessen oder ze drénke matbréngen.

– Denkt och un d’Dekoratioun an un d’Musek, mee respektéiert déi Noperen, déi net wëllen deelhuelen.

Nom
Adresse de livraison de matériel
Dernière modification le 17.04.2026

Des articles de la même catégorie

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

Am Kader vum Dag vun der Lëtzuebuerger Sprooch proposéiert d'Gemeng Conter an Zesummenaarbecht mat der Kultur- an Tourismuskommissioun, sou wéi der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen verschidden Eventer.24. September 2026 Potercafé 19:00 Auer | Jugendhaus,...

lire plus
LASEP: Infos et Inscriptions

LASEP: Infos et Inscriptions

Chers parents, le collège des bourgmestre et échevins de la commune de Contern, en collaboration avec la Maison Relais Contern, vous informe qu'à partir du 30 septembre 2026, la LASEP sera proposée tous les mardis et jeudis (sauf pendant les vacances scolaires)....

lire plus
Aller au contenu principal