Grouss Botz 2026: Umeldung

De Schäfferot, zesumme mat der Ëmweltkommissioun vun der Conter Gemeng invitéiet Iech op hir „Grouss Botz” wou Offall laanscht d’Stroossen a Feldweeër agesammelt gëtt.

Um Programm:

09:45 Auer | Opdeelung vun den Tier am Centre Culturel Mutfert mat Kaffi

10:00 Auer | Départ

ab 11:30 Auer | Retour mat uschléissendem Mëttegiessen (Iebsebulli an Dessert)

Selbstverständlech stellt d’Gemeng Hännchen, Tuten a Gräifzaangen zur Verfügung.
Bréngt w.e.g e Sécherheetsgilet mat fir unzedoen.

Villmools Merci fir Är Hëllef!

Umeldung / Inscription / Registration:

ACCÈS –

Dir kënnt relativ einfach op den Auto verzichten:

Bus RGTR Linne:
324 325 327 401 403 406 411 456
fueren d’Arrêten « Kappell » an « Srybréck » un.
Infoen op www.mobiliteit.lu

Vëlosstänner
fannt Dir virum Centre Culturel

Green Event

 D’Gemeng Conter ass houfreg, datt eis Grouss Botz 2026 de Logo Green Events kritt huet 🌍💚💪♻

Duerch d’Erhale vun dësem Logo gëtt déi nohalteg a klimafrëndlech Organisatioun vun dësem Evenement souwuel ënnerstrach ewéi och unerkannt – woubäi mir besonneg op dës Kritäre vill Wäert leeën:

  • mir verzichten bewosst op Eeweegeschier a benotze kee Plastik
  • eist Iessen ass zum Deel Bio an gréisstendeels lokal/regional
  • eist Gedrénks ass och Bio an regional (ausser de Kaffi, deen ass Fairtrade)
  • mir reduzéieren eisen Reschtoffall op e Maximum andeems mir alles richteg trennen a recycléieren

 

🙏 Villmools Merci der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. datt si eis bei der Organisatioun an dem Ëmsetzen/Applizéiere vun dëse Krittären ënnerstëtzt

🌿♻ Weider Informatiounen zum Logo Green Events fannt Dir op www.greenevents.lu

Dernière modification le 17.02.2026

Des articles de la même catégorie

KLIMABONUS-ROADSHOW

KLIMABONUS-ROADSHOW

Découvrez les nouvelles aides étatiques Klimabonus du ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité lors d’une des stations régionales et rencontrez directement les conseillers de Klima-Agence.

lire plus
Appel à candidatures : Pop Up Chrëschtmaart

Appel à candidatures : Pop Up Chrëschtmaart

Du wëlls um Chrëschtmaart matmaachen an e Chalet lounen fir Bijouen, Käerzen, Adventskränz, Deko, an an an ze verkafen? Da gëff eis deng Kandidatur eran. D'Bierger aus der Gemeng hunn Prioritéit.D'Plazen sinn limitéiert.Candidature[wpforms_selector form_id="33806"...

lire plus
Aller au contenu principal