Haut ass e ganz feierleche Moment fir ons Gemeng Conter.

Wéi d’Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme gefrot huet, ob d’Gemeng Conter eventuell bereet wär, fir d’Gedenkfeier fir déi 90 jonk Affer vum Massaker vu Sonnenburg (haut Slonsk a Polen) mat ze organiséieren, hu mir spontan Jo gesot.

Natierlech hu mir Jo gesot, well a mengen Aen ass et och fir ons, als Gemengeresponsabel eis Pflicht an eng Noutwennegkeet fir – och 78 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich- eis un d’Geschéie vun deemools ze erënneren a ganz besonnesch, fir all déi Mënschen an Éieren ze halen, déi deemools gelidden oder souguer hiert Liewen an deem grausame Krich verluer hunn.

Wärend der Gedenkfeier herno an der Kierch wäerte mir héieren, dass dës 90 Mënschen hiert ganzt Liewen nach viru sech haten. Et ware gréisstendeels ganz jonk Lëtzebuerger, déi einfach grausam ermort gi sinn.

Esou eppes kënnen déi wéinegst sech haut virstellen – jo, et huet ee Schwieregkeeten dëst ze gleewen -, mee et ass alles richteg geschitt!

Esou eng Gedenkfeier wéi déi vun Haut fënnt net nëmmen aus Dankbarkeet statt, dankbar vis-à-vis vun all deene Mënschen, déi deemools Affer gi sinn, vun engem onmënschleche Krich.

All dës Mënschen hunn duerch hire Courage an duerch hire Widderstand wesentlech  dozou bäigedroen, dass mir haut als fräi Mënschen an engem onofhängege Lëtzebuerg an engem vereenegten Europa liewe kënnen.

Esou eng Gedenkfeier soll een och als Opruff verstoen – als Warnung, dass d’Geschicht sech net widderhëlt, wéi et leider elo scho geschitt ass duerch dee russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain. Opgrond vun deem, wat do zënter dem 24. Februar 2022, net esou wäit ewech vun hei, um europäesche Kontinent geschitt, muss een sech d’Fro stellen,  ob d’Mënschheet wierklech näischt aus der Geschicht geléiert huet…

Dës Gedenkzeremonie an dës Plack sinn net nëmmen e wichtege Sensibiliséierungsbäitrag fir d’Geschicht vum Zweete Weltkrich, mee net zulescht och en Opruff fir d’Verdeedegung vun der Demokratie an enger Welt vu relativer Onsécherheet.

Mir si frou, dass duerch dës Erënnerungsplack, déi mir elo wäerten devoiléieren, hei zu Mutfert eng weider Plaz wäert sinn, déi un déi däischter Zäit an der Geschicht vu Lëtzebuerg wäert erënneren.

Ganz besonnesch wäert et awer eng Plaz sinn, als Gedenken un déi 90 jonk Lëtzebuerger, déi deemools zu Sonnenburg, einfach erschoss gi sinn.

Dernière modification le 31.01.2023
Aller au contenu principal