Visite guidée bei Minett-Kompost

Am Kader vun eiser Ëmweltwoch invitéiert de Schäfferot vun der Gemeng Conter Iech dëst Joer, fir un enger Visite guidée vum Syndikat Minett-Kompost den 26. Oktober 2021 vu 14.00 bis 16.00 Auer deelzehuelen. D’Visitt gëtt ofgehalen an de Sproochen Däitsch/Lëtzebuergesch.

Bei dëser Visitt hutt Dir d’Méiglechkeet, ze gesinn, wou eis organesch Offäll landen a wat mat hinne geschitt, nodeems eis gréng Poubellen eidel gemaach goufen. D’Participante kréien hei och en Abléck vun der Vergärungsanlag – aus dësem Grond biede mir jiddereen, deen deelhellt, och dozou, sech entspriechend unzedoen (keng ze schick Kleeder, zolitt Schung).

OPGEPASST: Fir dës Visite guidée organiséiere mir fir 13.15 Auer e Bus bei eisem ale Schoulhaff (Address: 19, rue de Moutfort, L-5310 Conter), mat deem mir alleguer zesummen bis bei de Syndikat fueren. Eier Dir an de Bus klammt, maache mir de CovidCheck fir dësen Event – et ass deementspriechend obligatoresch fir all Participant, fir mat eisem Bus bis bei de Syndikat ze fueren. Dëse bréngt eis all duerno och um 16.00 Auer erëm zréck bei den Ale Schoulhaff (Retour: géint 16.45 Auer).

Aus organisatoresche Grënn ass d’Unzuel u Participanten op 30 begrenzt. Wann Dir interesséiert sidd, fir un dëser Visite guidée deelzehuelen, da mellt Iech bis den 22. Oktober 2021 bei eis un (E-Mail: umeldung@contern.lu; Telefon: +352 35 02 61). Mir freeën eis op Är Participatioun!

Reminder: Denkt w.e.g. un Äre CovidCheck-Zertifikat!

 

Im Rahmen unserer Umweltwoche lädt der Schöffenrat der Gemeinde Contern Sie dieses Jahr herzlich dazu ein, an einer Besichtigungstour beim Syndikat Minett-Kompost den 26. Oktober 2021 von 14.00 bis 16.00 Uhr teilzunehmen. Die Visite wird auf deutscher/luxemburgischer Sprache abgehalten.

Bei dieser Besichtigungstour haben Sie die Möglichkeit, zu erfahren, wo unsere organischen Abfälle landen und was mit ihnen geschieht, nachdem unsere grünen Mülltonnen entleert wurden. Die Teilnehmer erhalten hier auch einen Einblick von der Vergärungsanlage – aus diesem Grund bitten wir jeden, der teilnimmt, dazu, sich entsprechend zu kleiden (keine schicken Kleider, gutes Schuhwerk).

AUFGEPASST: Für diese Besichtigungstour organisieren wir für 13.15 Uhr einen Bus bei unserem alten Schulhof (Adresse: 19, rue de Moutfort, L-5310 Contern), mit dem wir alle gemeinsam zum Syndikat fahren. Bevor Sie in den Bus steigen, nehmen wir den CovidCheck vor – dementsprechend ist die Fahrt mit dem Bus obligatorisch. Der Bus bringt alle Teilnehmer um 16.00 Uhr wieder zurück zum Alten Schulhof (Ankunft gegen 16.45 Uhr).

Aus organisatorischen Gründen ist die Anzahl an Teilnehmer auf 30 begrenzt. Wenn Sie interessiert daran sind, an dieser Besichtigungstour teilzunehmen, dann melden Sie sich bis zum 22. Oktober 2021 an (E-Mail: umeldung@contern.lu; Telefonnummer: +352 35 02 61. Wir freuen uns auf Ihre Teilnahme!

Reminder: Bitte bringen Sie Ihr CovidCheck-Zertifikat mit!

Date

26 octobre 2021
Expiré!

Heure

13:15 - 16:45

Organisateur

Commune de Contern
Commune de Contern
Téléphone
+352350261
Email
info@contern.lu
Site Web
http://www.contern.lu
QR Code
Aller au contenu principal