Summer, Sonn a Säitesprong

Theater : Summer, Sonn a Säitesprong

De Club des Jeunes Conter spillt ënnert der Regie vum Simone Schroeder
SUMMER, SONN A SÄITESPRONG
Komedie an dräi Akte vum Winnie Abel
an d’Lëtzebuergescht iwwersat vum Roby Zenner
zu Conter an der aler Hal
Samschdeg, 29. Januar
Sonndeg, 30. Januar (17.00 Auer)
Freideg, 04. Februar
Samschdeg, 05. Februar
um 20.00 Auer
Entrée: 10€
Kanner ënner 12 Joer: 5€
Reservatioun: per Telefon no 19 Auer oder per SMS: 671 011 439
per email: reservation@cdjcontern.lu
Eigentlech wollt sech d’Buergermeeschtesch Claudia Heinen e puer entspaant Deeg mat hirem Amant Carlo maachen, befier de Walkampf ufänkt. Mee wéi op eemol hier beschasse Coiffeuse am selwechten Hotel optaucht an déi zwee in flagranti erwëscht, ass de Chaos un! De Carlo muss sech als verhalensopfällege Cousin ausginn an d’Buergermeeschtesch verstréckt sech ëmmer weider an hire Ligegeschichten. Nodeems dann och hire Mann Jean-Claude am Hotel ancheckt, gëtt des Dramvakanz zu engem richtegen Albdram…
Et spillen:
Claudia Heinen, Buergermeeschtesch – Billie Schaack
Jean-Claude Heinen-Claus, hire Mann – Joe Lagoda
Carlo Mahnen, dem Claudia säin Amant – Tom Jungblut
Danni Schneider, Coiffeuse – Doris Medinger
Menni, Partner vum Danni – Steve Maller
Enzo, Animateur – Sam Heuertz
Tina, Touristin – Jil Clement
Regie: Simone Schroeder
Flüsterer: Jil Medinger a Jessica Modaff
Technik: Jeff a Ralph Medinger
Dekor a Maquillage: Club des Jeunes Conter
DËST ASS E COVID-CHECK EVENT

Date

05 février 2022
Expiré!

Heure

20:00 - 23:00

Lieu

Ancien Hall Sportif Contern
4 Rue des Sports
Club des Jeunes Conter

Organisateur

Club des Jeunes Conter
Email
info@cdjcontern.lu
QR Code
Aller au contenu principal