Kino an der Kierch
Freides, den 20. Januar 2023 um 20h00 organiséiert d’Associatioun “Eng Uergel fir d’Conter Kierch a.s.b.l.” nees hiren traditionellen Kino an der Kierch zu Conter. Dëst Joer gëtt de Film “Modern Times” vum a mam Charlie Chaplin virgefouert. D’Filmmusek gëtt wärend dem Film live op der Conter Uergel vum renomméierten Organist Frédéric Muñoz vu Montpellier gespillt.