Theater: Dem Maître Dupont säin Testament | Club des jeunes Contern a.s.b.l.

De Club des Jeunes Conter spillt ënnert der Regie vum Simone Schroeder
Dem Maître Dupont säin Testament
Lëschtegt Stéck vum Heinz-Jürgen Köhler an d’Lëtzebuergescht iwwersat an adaptéiert vum Club des Jeunes Conter
Zu Conter an der aler Hal
Samschdeg, 31. Januar
Sonndeg, 1. Februar (17.00 Auer)
Freideg, 6. Februar
Samschdeg, 7. Februar
Um 19.30 Auer
Entrée: 15 Euro
Kanner ënner 12 Joer: 5 Euro
Reservatioun:
Per Email: steve.maller@hotmail.de
Per Telefon oder SMS: 691 705 642
De Maître Dupont entdeckt, datt seng Famill zanter Generatiounen ënner engem geheimnisvolle Fluch läit. Als leschte vun der Linn wëll hie säi ganzt Verméigen der Kierch vermaachen – fir sech eng Plaz am Himmel ze sécheren. Mee seng Haushälterin Marie-Thérèse, de Gäertner Fränz am d’Infirmère Amélie wëllen dat verhënneren, grad ewéi d’Cousine Eléonore mat hirem Amant Albert. Wéi d‘Feng-Shui-Beroderin Gabi eng geféierlech Wasseroder entdeckt gëtt d’Situatioun richteg quokeleg.
Et spillen:
Maître Charles-Louis Dupont – Steve Maller
Eléonore Dupont, Cousine – Maîté Baulesch
Fränz Meyer, Gäertner – Jordan Afoun
Marie-Thérèse Schäfer, Haushälterin – Doris Medinger
Albert Schmit, dem Eléonore seng grouss Léift – Ben Weimerskirch
Gabi Fournel, Feng-Shui-Beroderin – Billie Schaack
Paschtouer – Joe Lagoda
Laurent Nitschké, aarbechtslose Comptabel – Sam Heuertz
Bréifdréiesch – Jil Clement
Regie: Simone Schroeder
Flüsterer: Anne-Marie Muller an Deborah Schneider
Technik: Charel Eifes a Jeff Besch

Date

07 février 2026
Expiré!

Heure

08:00 - 18:00

Lieu

Ancien Hall Sportif Contern
4 Rue des Sports
QR Code
Aller au contenu principal