Champignonsowend | Les Amis AYUDAME Luxembourg
Les Amis AYUDAME Luxembourg Aide aux enfants abandonnés du Tiers Monde
invitéieren Iech ganz häerzlech op hiren éischte
CHAMPIGNONSOWEND
e Freideg, de 27. September 2024
zu Éiter am CENTRE CULTUREL
Op engem gemittlechen Owend zervéiere mir Iech e Menü,
bei deem sech alles ëm Champignonen dréint:
E puer kleng Champignone fir op de Goût ze kommen
Eng gehäerzt Champignonszëppchen
Eng Paschtéit mat Champignone gefëllt
De beschte Maufel vum Hirschkallef mat Gratin a Champignonszooss
E schneekege Champignon fir ofzeschléissen
De „Schwaarzen“ – a seng Gesellen
Präis: 70 €
Apéritif vun 19.00 Auer un – Iesse vun 19.30 Auer un
Reservéiert Är Plaze bis spéitstens e Mëttwoch, den 18. September 2024
andeems Dir Iech iwwer Telefon oder E-Mail bei eisem Sekretär umellt
an an engems och de respektive Montant op eise Kont iwwerweist:
CCPL IBAN LU35 1111 1979 4868 0000
Mentioun/Virement: « Champignons-Owend – x Persoun(en) – Numm/Nimm »
All weider Reseignementer bei eisem Sekretär Jean-Claude Dresch:
Tel.: 691 554 291 / 35 89 31 oder E-Mail: jcdresch@pt.lu
*****
Den Erléis vun dësem Owend ass fir d‘Wierker vun Ayudame.
Wann Dir net op eisen Owend komme kënnt an äis awer bei eiser Aarbecht am Déngscht vun de Kanner aus der Drëtter a Véierter Welt ënnerstëtze wëllt, da kënnt Dir dat maachen, andeems Dir en Don (steierlech ofsetzbar) op dëse Compte iwwerweist:
L e s A m i s A y u d a m e L u x e m b o u r g
IBAN LU35 1111 1979 4868 0000 (CCPLLULL)