
Ausstellungen “Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich”, “Ons Jongen a Meedercher” a “Gefaangenelager 188 Tambow”
Den Nationalcomité vun der Zwangsrekrutéierte-Federatioun, d’Sektioun Conter vun den Zwangsrekrutéierten an de Schäfferot vun der Gemeng Conter invitéieren Iech häerzlech op d’Ausstellungen „Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich“, „Ons Jongen a Meedercher“ a „Gefaangenelager 188 Tambow“ vum 27. Januar bis de 5. Februar 2023 am Kulturzenter zu Mutfert. D’Ausstellunge si jeeweils vu 14.00 bis 18.00 Auer op.
