AB Contern International Voyages Emile Weber

Highlight vun der Preseason 2022 beim AB CONTERN

Wei scho bal zanter 20 Joer ass och dëst Joer erëm um leschte Weekend éier d’Baskets Championnat
ugeet, e groussen Internationalen Turnéier fir eisen zwou Equippen Dammen an Hären de leschte
Schlaff ze ginn géint staark international Konkurrenz.

Hei de genaue Programm vum „Grand Tournoi International Voyages Emile Weber“
vun 2022 an der Hal „Um Ewent“ zu Contern (Accès iwwer Syren!!):

Samsdes, de 17te September

14.00 Dammen: Panthères Liège (Europacup Equipe aus der Belsch, 4t vum leschte Championnat)
géint Den Helder Suns (hollännesche Champion vun der Saison 21/22)
16.00 Hären: Den Helder Suns (iewescht Divisioun aus Holland) géint TBB Trier (aus der däitscher
ProA Liga, den neie Club vum Letzeburger NationalspillerAlex Laurent)
18.00 Dammen: AB Contern (Hallef Finalist vum leschte Lëtzebuerger Championnat) géint BC
Marburg Blue Dolphins (Playoff Equipe aus der däitscher 1. Bundesliga)
20.15 Hären: AB Contern (hëchsten Divisioun Lëtzebuerg) géint Yoast United (aus der ieweschter
Liga aus Holland, trainéiert vum fréiere Conterner Trainer Paul Vervaeck)

Sonndes, den 18te September

12.00 Dammen: Spill ëm d’drëtt Plaz
14.00 Hären: Spill ëm d’drëtt Plaz
16.00 Dammen: Finale vun de Gewënner vu Samsdes
18.00 Hären: Finale vun de Gewënner vu Samsdes

Date

17 - 18 septembre 2022
Expiré!

Heure

Journée entière

Lieu

Um Ewent
Contern

Organisateur

AB Contern
QR Code
Aller au contenu principal