30e FESTIVAL DE LA BD

An am Kader vum 30. Gebuertsdag vum Festival, hu mir eppes Besonnesches fir iech preparéiert, an zwar eng grouss BD-Parade di Sonndes den 21. Juli um 15.00 Auer statt. Ze gesinn ass hei ënnert anerem: eng Partie bekannte Figuren aus der Comicwelt, eng Capoeiragrupp, d’Lëtzebuerger Majoretten, Autoen aus bekannte Comics vum Rotary Club, Steampunks, 501st Luxembourg Garrison, d’Luxembourg Pipe Band avm. Natierlech dierf de Superjhemp a säi Kachkéis och net feelen ! An de Bédéric léist sech dat och net entgoen, an hien bréngt bestëmmt eppes Séisses mat fir de Gebuertsdag och richteg ze feieren. Deen een oder anere klenge Kaddo gëtt dann och wärend der Parade ausgedeelt.

Nieft dëser Programmatioun ass de Weekend hu mir nach munches unzebidden: Sprangschlass, en Zirkusworkshop, e Comic-Atelier, e Kidscorner mat vill Aktivitéiten fir eis jonk Visiteuren. Fir Stroossenanimatioun suerge Stelzengänger, Clownen, Feeën, an eis trei kostüméiert Gruppen (501st Luxembourg Garrison mat hire Star Wars Personnagen, Ghostbusters).

Méi Informatioune fannt dir op eiser Internetsäit www.bdcontern.lu

Mir freeën eis schonn op iech !

Date

20 - 21 juillet 2024
Expiré!

Heure

10:00 - 20:00

Lieu

Contern

Organisateur

Commission de la bande dessinée
Site Web
http://www.bdcontern.lu/de/
QR Code
Aller au contenu principal