
★ Kultursummer | Concert: Trei Sei ★
17:30
Deep Dive Culture
Emerging from Luxembourg’s creative depths in 2021, Deep Dive Culture delivers boundary breaking alternative rock with a melancholic touch. Their dynamic fusion of energy and intimacy explores themes from unrequited love, mental health to social critique.
Debuting with “Meaningless” EP in May 2023, their second, “Binary Discussions,” is set for May 2024. More than a band, they’re a musical journey urging listeners to confront shadows and find strength in returning to the light.
19:00
★ Trei Sei ★
Mëtt den 90er Joren huet zu Dikrech alles ugefaangen: d’Sauerdall Musikanten hu sech zesummegedoen, mat enger däitlecher Léift fir den Oberkrainer-Stil. Vun Ufank u stoung Musek à la Slavko Avsenik um Programm – nieft bekannten Titele sinn och eege Kompositioune gespillt ginn. No an no ass d’Band ëmmer méi bekannt ginn, a 1997 war et dann sou wäit: Am Studio vum Jang Linster zu Fréiseng ass déi éischt CD opgeholl ginn, mam Numm Trei Sei – en Titel, deen dono och hiren neien Numm ginn ass. Zwee weider Alben – Alles Gutts an Am siwenten Himmel sinn nach nokomm.
D’Trei Sei ware virun allem op Duerffester, Baler a Fuesveranstaltungen ze fannen. Géint Enn vun de 2000er Joren si se allerdéngs aus ënnerschiddleche Grënn ëmmer manner opgetrueden.
Elo trieden d’Trei Sei zu Mutfert nach eng Kéier op – mat hire beléiftste Melodien a gréisstendeels an der Originalbesetzung. E flotte Moment fir Nostalgiker a Frënn vum gudde Sound!
