Grouss Botz

De Schäfferot vun der Gemeng Conter organiséiert dëst Joer erëm seng grouss Botz zesumme mat der Ëmwelt-, Energie- a Klimakommissioun a mat de Schoulkanner.

Am Kader vun der Grousser Botz maachen d’Schoulzyklen en Tour duerch d’Gemeng, fir Dreck ze sammelen. Mëttes ginn an der Schoul interessant Atelieren zum Thema Offall, Ëmwelt an Natur fir d’Kanner ugebueden. Well och mir als Erwuessener e Virbild solle sinn, ruffe mir Iech dozou op, fir ze hëllefen, den Dreck an eisen Dierfer oprafen ze goen.

#AllZesummeFirEngPropperGemeng!

Selbstverständlech stellt d’Gemeng Händschen, Valorlux- a Poubellestuten zur Verfügung.

Date

31 mars 2023
Expiré!

Heure

08:00 - 12:00
QR Code
Aller au contenu principal