
Genau virun 1 Joer gouf an der Gemeng Conter de Parking Résidentiell zu Mutfert an Éiter agefouert.
De Schäfferot huet mat all den concernéierten Acteuren elo zum Enn vum Joer e Bilan gezunn an am leschte Gemengerot gouf eng iwwerschaffte Versioun vum Verkéiersreglement a Parking Résidentiell ugeholl.
Dowéinst wollte mir Iech informéieren, dass är aktuell Vignetten hir Gültegkeet bis den 28ten Februar 2023 behalen an esoubal d’Reglement vum Ministère approuvéiert ass kritt all Bierger, wou eng Vignette hat, automatesch eng nei zougeschéckt.
An deem Kader kritt all Awunner en Depliant mat allen Informatiounen an Ännerungen heem an d’Bréifboite verdeelt.
De Schäfferot wënscht Iech e gudde Rutsch a Start an d’neit Joer!