D’Ofrëssaarbechte vum Gebai op der Adress 3, rue de l’Eglise zu Éiter fänken haut un. Opgrond vum schlechten Zoustand vum bestoende Gebai gëtt dëst ganz ofgerappt. De gabarit protégé gouf virdru per Levé festgehalen.
Enn 2022 fänkt dann de Chantier fir en Neibau an identescher Form un. An Zesummenaarbecht mam Architektebüro « Medinger architecture » sollen hei insgesamt sechs Locatiounswunnenge mat Parkplazen entstoen. Virgesi si Wunnenge mat enger Gréisst vu 50 bis 100 m2, mat jeeweils 1-3 Schlofkummeren. Eng Wunneng gëtt rollstullgerecht ausgefouert. De Projet gouf zesumme mat Sites et Monuments ausgeschafft a vun hinnen ofgeseent.
D’Baukäschte vum Projet belafe sech laut Devis viraussiichtlech op ronn 1,8 Milliounen Euro HTVA. Vun dëse Käschte kann d’Gemeng bis zu 75% vum Logementsministère zréckkréien. Dobäi kommen nach d’Honorairen, op déi d’Gemeng och e Subside vum Ministère kritt.