Solidarité pour l’Ukraine

10/03/2022

Léif Bierger,

Mir soe VILLMOOLS MERCI fir all Är Spenden!

Opgrond vun ärer grousser Solidaritéit hu mir eisen Dépôt an déi al Sportshal zu Conter verluecht (Rue des Sports L-5322 Contern), well mir hei méi Plaz hu fir all d’Saachen ënnerzebréngen.

Falls och Dir nach Saachen doheem hutt, kënnt dir déi vu méindes – freides vun 08:00 – 12:00 a vun 13:00 – 18:00 Auer laanscht bréngen.

Mir maachen och nach eng Kéier en Opruff falls dir wëllt hëllefen d’Spenden ze unzehuelen, ze sortéieren an un déi ukrainesch Flüchtlingen ze verdeelen, all Hëllef ass wëllkomm, och stonneweis! Mir soen op dësem Wee och nach eng Kéier all deene Merci déi sech scho gemellt hunn a scho fläisseg schaffen!

#dynamesch #engagéiert #fir Iech

 

09/03/2022

UPDATE: Étant donné que notre action de collecte de dons pour les réfugiés ukrainiens reçoit un énorme soutien de la part de nos citoyens, le dépôt déménage de l’atelier communal vers l’ancien hall sportif de Contern (L-5322, 1, Rue des Sports)

FR

Solidarité pour l‘Ukraine

Chers citoyennes et citoyens de la Commune de Contern,

Les premiers réfugiés ukrainiens viennent d’arriver à Contern !

C’est pourquoi la commune de Contern met en place un point de collecte des premières nécessités, comme vêtements (vêtements pour bébés, enfants et adolescents, adultes, chaussures etc), 1-2 Maxi-Cosi, poussettes, lits pour bébé, produits d’hygiène (shampooing, brosses à dents, savons, déodorants etc), couettes, draps…ils seraient contents de recevoir des jeux pour chaque âge.

Vous pouvez déposer vos dons de produits à l’ancien hall sportif de Contern (1, Rue des Sports, L-5322 Contern).

Heures d’ouvertures : Lundi – Vendredi de 8:00 – 12:00 et de 13:00 – 18:00

Vous voulez également participer à cette action ?

Alors contactez la Commune ! Nous avons besoin de l’aide à gérer la récupération, le tri et la distribution des produits. Chaque aide est bienvenue !

Vous possédez un appartement vide, une maison ou vous avez une chambre que tu veux mettre à disposition ? Alors contacte notre administration (Tél : 35 02 61 331 / 313 secretariat@contern.lu)

Ensemble nous pouvons aider un peu ces gens en nécessité.

Merci pour votre soutien !

LU

UPDATE: Well eis Sammelaktioun fir Spende fir déi ukrainesch Flüchtlingen enorm Ënnerstëtzung vun eise Bierger kritt, plënnert den amenagéierten Dépôt vum Gemengenatelier aus der Weiergewan an déi al Sportshal zu Conter (L-5322, 1, Rue des Sports)

Solidaritéit fir d‘Ukrain

Léif Biergerinnen a Bierger vun der Gemeng Conter,

déi éischt ukrainesch Familljen sinn elo zu Conter ukomm!

Dofir organiséiert d’Gemeng Conter elo eng Kollekt vun éischten Noutwennegkeete wéi Gezei (Babykleeder, Kanner- a Jugendkleeder fir all Alter, Erwuessenekleeder, Schong asw.), 1-2 Maxi-Cosien, Kutschen, Kannerbettchen, Hygienesartikelen (Shampoo, Zännbiischt, Seef, Deo, asw), Bettwäsch, Dicher… Des weideren freeën Si sech och iwwert Spillsaache fir all Alter.

Dir kënnt Är Spenden an der aler Sportshal zu Conter (1, Rue des Sports, L-5322 Contern) ofginn. Ëffnungszäiten: vu 8.00 bis 12.00 a vun 13.00 bis 18.00 Auer

Wëllt och Dir bei dëser Aktioun hëllefen?

Da mellt Iech bei der Gemeng! Mir brauche Leit, déi d’Spenden an der Weiergewan am Gemengenatelier entgéint huelen, en Tri maachen an se un déi Bedürfteg verdeelen. All Hëllef ass wëllkomm, och stonneweis.

Dir hutt en eidelt Appartement, en Haus oder eng Kummer, déi Dir zur Verfügung stelle wëllt? Da mellt Iech bei eiser Administratioun (Kontakt: Telefon 35 02 61 331 / 313  secretariat@contern.lu)

Nëmme gemeinsam kënne mir de Leit a Nout hëllefen.

Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Dernière modification le 21.03.2022

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal