Grouss Botz 2022

D’Gemeng Conter huet de Freideg, den 1. Abrëll hir „Grouss Botz“ organiséiert. Wärend dëser flotter Aktioun kruten d’Participanten – Kanner aus der Schoul « Um Ewent », Mataarbechter aus Betriber vun der Gemeng an Awunner – Händschen an Tuten zur Verfügung gestallt a Kaffi mat Croissanten (fir d’Betribsmataarbechter) bzw. Banannen (fir d’Schoulkanner) zerwéiert.

An der Mëttegstonn huet de Schäfferot d’Participanten invitéiert, un enger Grillade an der Buvette vun der Sportshal « Um Ewent » deelzehuelen. De Mëtteg goufen dann och flott Ateliere fir déi Kleng organiséiert, wou si méi iwwert de Schutz vun eiser Ëmwelt léiere konnten. Mat dobäi war och eis Conciergerie, déi de Kanner gewisen huet, wat fir een Dreck an der Schoul eigentlech ufält.

An eiser Galerie fannt Dir flott Fotoe vum Event.

De Schäfferot vun der Gemeng Conter seet all deenen e grousse Merci, déi fläisseg matgehollef hunn, d’Gemeng méi propper ze maachen – zum Wuel vun der Ëmwelt a vun all Awunner.

 

Dernière modification le 01.04.2022

Des articles de la même catégorie

Soirée de présentation du bilan échevinal 2017-2023

Soirée de présentation du bilan échevinal 2017-2023

Le Collège échevinal de Contern a présenté jeudi, le 23 mars 2023 le bilan de la commune avec tous les travaux et projets réalisés au cours de la période législative 2017-2023 à de nombreux citoyens intéressés. Vous trouverez ici quelques impressions de l'événement :...

lire plus
Aller au contenu principal