Dîner Gala de bienfaisance

AMITIÉ LUXEMBOURG-INDONÉSIE, ALINDO asbl

Am November 2002 ass eng Asbl gegrënnt gi fir déi faszinéierend Kultur vun Indonesien zu Lëtzebuerg méi bekannt ze machen a fir aarmen a kranke Mënschen an Indonesien ze hëllefen.

D’Asbl dréit de Numm « Amitié Luxembourg-Indonésie », ofgekierzt « ALINDO » an huet hire Sëtz zu Duelem (Dahlem).

Iwwert de Wee vu Members-Kaarten, duerch d’Organiséiere vu Soireeën, duerch Matmaache bei multikulturellen Events a mat Bus-Ausflich sammelt Alindo Sue, fir an Indonesien Leit (ganz besonnesch Kanner a Jugendlecher), déi duerch gesondheetlech oder sozial Ëmstänn am Misär sinn, ze ënnerstëtzen.

Dass ALINDO elo schon 20 Joer existéiert, muss natierlech gefeiert ginn. Mir maachen dat den 8. Oktober 2022 am Centre Culturel AM MEDENPOULL zu Éiter, wou mir eng Gala-Soiree mat indonesescher Kultur a Gastronomie organiséieren, ënnerstëtzt duerch „Anak Luxembourg“, eng Asbl, déi sech fir Kanner op der Insel Bali asetzt, an duerch de Rotary Luxembourg-Horizon.

Den Erléis vun der Soiree geet ewéi ëmmer u charitabel Projeten an Indonesien.

Jean-Marie HOFFMANN
Président
Tél. : 621 131 181

Date

08 octobre 2022

Heure

18:00 - 23:00

Tarif

75.00€

Lieu

Centre culturel Oetrange
Oetrange

Organisateur

Rotary Luxembourg-Horizon
QR Code
Aller au contenu principal