Action « Porte-à-Porte » de l’Unicef

Nach bis dëse Samschdeg, de 25. Juni wäerten d’Leit vun Unicef duerch eis Gemeng goen an un den Diere schellen, fir no reegelméissegen Donateuren ze sichen. 

Hei fannt Dir d’Kommunikatioun vun Unicef Lëtzebuerg:

« Gudde Mëtteg,

mir wollten Iech heimat doriwwer informéieren, datt d’UNICEF dës Woch mat senger ‚Porte à Porte‘-Kampagne weiderfiert.

Bei dëser Kampagne gi mir bei d’Leit schellen, fir se iwwert eis Aarbecht z’informéieren an hinnen d’Geleeënheet ze ginn, sech anzeschreiwe fir reegelméissegen Donateur vun eiser Organisatioun ze ginn. Dëst iwwert en Tablett. Dës Kampagne ass fir eis als Organisatioun enorm wichteg a mir sinn op eis reegelméisseg Spender ugewisen, fir eis Aarbecht fir d’Kanner iwwerhaapt kënnen ze maachen, dëst virun allem am Kontext vu weltwäite Krisensituationen.

Mam Relâchement vun de generelle sanitäre Mesuren hunn och mir eis adaptéiert. Eis Mataarbechter hunn net méi d’office eng Mask un a rullen och net méi automatesch den Teppech vun 2 m aus, fir eng Distanz ze garantéieren. Si hunn dëst Material allerdéngs nach ëmmer dobäi, soudatt si sech kënnen upassen, falls den Donateur sech méi wuel fillt, wann eis Leit d’Masken droen. Et steet deem Eenzelen selbstverständlech fräi, fir och weiderhi seng Mask unzehunn.

Weiderhinn en place sinn och nach folgend Mesuren:

  • Si hunn Desinfektiounsmëttel derbäi.
  • Fir datt den Donateur seng Domiciliatioun ka validéieren, ginn et 2 Méiglechkeeten:
    • entweder kritt en e Verifizéierungsscode per SMS geschéckt, deen en eisem Mataarbechter gëtt, fir esou direkt an ouni Kontakt seng Domiciliatioun z‘aktivéieren;
    • wann den Donateur dëst net wëll oder ka maachen, bleift nach ëmmer d’Méiglechkeet, mat sengem Stëft op der Tablett z‘ënnerschreiwen. An deem Fall gëtt d‘Tablett virdrun desinfizéiert.

Weiderhi sinn och eis allgemeng Informatioune gülteg, wéi een eis Leit als Mataarbechter vun der UNICEF kann identifizéieren:

  • Si huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen;
  • si kënnen sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder mat eisem Numm a Logo un;
  • d’Inscriptioun gëtt, wéi gesot, iwwert eng Tablett gemaach an net op Pabeier.

Dir kritt dës E-Mail, well mir dës Woch (vu méindes bis samschdes, mat Ausnam vum 23. Juni) an Ärer Gemeng ënnerwee sinn.

Dernière modification le 21.06.2022

Des articles de la même catégorie

Cours de luxembourgeois 2022/2023

Cours de luxembourgeois 2022/2023

🇫🇷 Afin de favoriser l’intégration de nos citoyens de nationalité non-luxembourgeoise, la commune de Contern organise des cours de langue luxembourgeoise. Les cours hébdomadaires se tiendront lundi et mardi (débutant, intermédiaire, avancé). Début : octobre 2022, fin...

lire plus
Le spéctacle musical de Nino Sopranino (09.07.2022)

Le spéctacle musical de Nino Sopranino (09.07.2022)

Infos Event: Plaz / Lieu: Parc MoutfortDatum / Date: 09.07.22Erzieler a Percussionist / Narrateur et percussionniste: Al  GINTER;Saxophonsquartett / Quartet de saxophones: SAXITUDE  (Robi AREND, Pierre COCQ-AMANN, Dominique GATTO, Gregory NEY) FR Nino Sopranino est un...

lire plus
Publication du Compte-rendu 1/2022

Publication du Compte-rendu 1/2022

La nouvelle édition du Compte-rendu, notre rapport officiel des conseils communaux, est dans votre boîte aux lettres dès aujourd'hui!   Veuillez trouver les versions en ligne ici: version française et allemande version anglaise

lire plus
Aller au contenu principal